d'Bitbuerger 0,0% Haaptcourse
Eng Freed fir iwwer d'Grenzen ewech ze lafen...
Eis Haaptcourse zielt fir de 'Bitburger-Läufercup'. Et ass déi 10 km Course aus Rheinland-Pfalz wou am meeschte Läfer matlafen.
Déi offiziell gemoosste Streck geet iwwer eng flaach a séier macadams Strooss am Dall vun der Sauer, duerch Däitschland a Lëtzebuerg.
d'Startgeld
bis den 30.08.2019 > 9,00 €
bis den 07.11.2019 > 12,50 €
Nomeldung de 09.11.2019 > 14,00 €
Wee gemellt ass an net matlääft kritt kee Geld erëm.
Auszeechnungen
Jiddereen deen d'Haaptcourse lääft ka säin Diplom aus dem Internet eroflueden.
Et gëtt en Eenzel- an en Ekippeklassement, a schéi Präisser.
de Streckerekord
Fir de Streckerekord vum 10 km Bitburger 0,0% Haaptlaf gëtt et e Präis vun 160 € (Dammen an Hären)