wat dacks gefrot gëtt

1. wat dacks gefrot gëtt

1.1

De 29. Int. DEULUX-LAF ass de 14. November 2020.

 

1.2 WOU ass den DEULUX-Laf ?

Den DEULUX-Laf ass zu D-54308 Langsur.

 

1.3

Nomeldunge sinn den Dag vun de Coursen op dëss Manéier méiglech:

  • vun 12.00 - 14.00 fir d'Haaptcourse
  • vun 12.00 - 13.00 fir d'Schülercoursen/ fir d'Course vun deene Klengsten

 

1.4

D’Zäit get gemooss mat engem “RFID-Einwegchip” deen op der Récksäit vum Dossard (Startnummer) festgemeet ass. Et muss een oppassen wann een den Dossard festmécht, datt een net mat der Spéngel duerch den Chip stécht. Den Dossard soll och do, wou den Chip ass, net gediebëlt ginn. Duerch d’Diebelen oder dra pickken vun der dënner Metallschicht gëtt d’Fonktionnéiere vum Chip futti gemeet. Den Dossard kann een no der Course nees ofginn, fir datt e kann entsuergt ginn, et kann een awer och als Souvenir halen. Eng „Leihgebühr“ ass also net méi néideg.

 

1.5

Déi offiziell gemoosste Streck geet iwwer eng flaach a séier Macadams Strooss am Dall vun der Sauer, duerch Däitschland a Lëtzebuerg.

 

1.6

Virumeldunge bis de 12. November 2020 nëmmen iwwer www.deulux-lauf.de

 

1.7

D'Dossarde ginn um Dag vun der Course vun 12:00 Auer un ausgedeelt, bis 30 Minute virum Start

 

1.8

  • 13:45 Auer |  Volksbank-Laf fir déiKlegnst (max. 7 Joer)
  • 14:00 Auer |  Volksbank-Schülerlaf (Klass C/D)
  • 14:30 Auer |  Volksbank-Schülerlaf (Klass A/B)
  • 15:00 Auer |  Bitburger-10-km-Haaptlaf

 

1.9

No beim Hall Polyvalent (Mehrzweckhalle)

 

1.10

Jo, vun 11:00 bis 18:00 Auer an der Kulturhal.

 

1.11

Vu 15:45 Auer un, an der Sportshal

 

1.12

No der Course gëtt et op dëser Internet Säit e Link op all d'Resultater. Hei kënnen d'Leefer vun der Haaptcourse sech hiren Diplom selwer erausdrécken

 

1.13

Dee gëtt et vun 12:00 bis 20:00 Auer
Navette vun der AB-Parkplaz A1/A64 Sortie Wasserbëllig

12:00 bis 17:00 Auer bei der Laser Bréck
17:00 bis 20:00 Auer beim Busstop bei der Sportshal

 

1.14 Wou fannen ech wat ?

Hei kanns De Där de Wee op Laser als PDF eroflueden

 

1.15

Wann s De zu Tréier oder tëscht Tréier a Laser wunns, kanns de op eng einfach a stressfräi Manéier ouni ze bezuelen op Laser fir den DEULUX-Laf kommen

Huel einfach e Samschden, de 09.11.2019 d'Linn 81 op den DEULUX-Laf.

Als Biljee oder Bewäis dass de wierklech op den DEULUX-Laf wëlls, weis am Bus d'Programmheft oder Deng Umellung.

Dat gëllt natierlech och fir d'Faart vu Metzdorf oder Mesenich op Laser (bis op de Busstop vis-a-vis vun der Bäckerei Lutz)

 

1.16

Fir datt den DEULUX-Laf ouni Problemer a sécher kann organiséiert ginn, mussen den Dag vun der Course e puer Ëmlädungen gemät ginn an e puer Stroosse gespoart ginn.
 
Déi wichdégst Punkten:
 
Vu 14:45 bis 16:20 Auer gëtt d’Bundesstrooss 418 tëschent Wasserbëllegerbréck a Metzdorf komplett gespoart.
A Laser (Langsur) selwer ginn tëschent 09:00 an 18:00 Auer Stroosse gespoart. Zu Mesenich ass d’Haaptstrooss an d’Tréierer Strooss vu 15:00 bis ongeféier 16:00 Auer zou.
Fir d’Bréck vu Waasserbëllegerbréck op Waasserbëlleg gëtt et rout Lute vu 14:45 bis ongeféier 16:15 Auer well nëmmen eng Spuer ka benotzt ginn.
D’Bréck vu Laser op d’lëtzebuerger Säit ass vun 11:00 Auer u bis an d’Owesstonne komplett zou.
Fir all Ëmlädunge gëtt et Schëlter.
D’Läfer vum DEULUX-Laf kënne vun engem gratis P&R Service mat der Linn 81 vum Autobunns- Iwwergank Mesenich/Waasserbëlleg profitéieren.
Well et wéinst der Ännerung vun der Streck vum DEULUX-Laf méi Problemer mam Verkéier kënne ginn, sollten dëss Virschléi méi gebraucht ginn, besonnesch well och nach ëmmer an der klenger Hall zu Laser d’Gepäck ka versuergt ginn!
D’Arrêtë vun der Linn 81 ginn op d’B 418 verluet.
D’Parkplaatze sinn op deene bekannte Plaatzen uewent der B 418 (Wiss) beim Neibaugebitt. Wéinst der Vollsperrung vun der B 418 kann än awer vu Waasserbëllegerbréck aus nëmme bis 14:45 dohi fueren. Op der Plaatz gëtt de Verkéier vun Hëllefsleit dirigéiert.  

 

1.17

Jo, vun 18:30 Auer u spilt nom 26. DEULUX-Laf d'Band.

 

1.18 Ween ass den Organisator ?

Den Organisator vum DEULUX-Laf ass d'Läufergruppe Langsur e.V..

 

1.19

Den Organisator hëlt keng Responsabilitéit fir Accidenter an Déifstal.

 

1.20 Gett et eng Kannerbetreiung?

Dee get et vun 14:30 bis 17:00 Auer an der Kulturhal.